Een Uebstbam fir di neigebuere Kanner


Bungerëf: De Mount November ass jo bekanntlich den nationalen Dag vum Bam héi zu Lëtzebuerg. Zënter e puer Joer gehéiert et zur Traditioun an der Gemeng Rammerich, denen neigebuerenen Kanner e Bam ze schenken. Dest Joer war et am Laaf vun enger klenger Feierstonn, wou all 31 Kanner, déi tëschent dem 1.Oktober 2019 an dem 30. September 2021 op d’Welt komm sin, als Zeechen vun engem neien Liewensufank hiren Uebstbam a Präsenz vun hiren Elteren, an Empfank konnten, huelen. Fënnef Kanner hun hire Bam och nach heem bruecht kritt. Agangs gouf eng Eech virum Kulturzentrum vu Bungerëf geplanzt, wou de Serge Colbach och di néideg Erklärungen vun desem Bam derzou gin huet. An hirer Ried huet d’Schëffin Myriam Binck betount, dass mat der Geburt vun engem Kand vill verschidden Bräich verbonne sin. Een dovunner, ass planzen vun engem Bam als Zeechen vun engem neie Liewen. E Bam huet esou vill Facetten, ugefang am Fréijoer wou de Bam engt neit Kleed undeet an den Hierscht beschenkt hien eis mat gudde Friichten. Gedold a Pfleg, ass en vun ville Rezepter fir dass hien gut Friichten dréit an och a schwéieren Zäiten steet hien zu senge Kanner a vermëttelt hinnen eent fest Wuerzelwierk a senger Famill. Nom Enthüllen vun enger Erënnerungsplackette huet d’Gemeng Rammerich op een gudden Teller waarem Zopp invitéiert. (CR) (Foto: Charles Reiser)