Cadeauen vun de Crèchen "Am Schleeckenhaus" fir SOS Kannerduerf Lëtzebuerg

D'Crèchen "Am Schleeckenhaus" vum Briddel, Mamer a Belair hunn eng grouss Sammelaktioun bei den Elteren duerchgeféiert a konnten esou ganz vill Spillsaachen a Kleeder fir d'Kanner vun SOS Kannerduerf Lëtzebuerg sammelen.

Mir soen de Responsabele vun "Am Schleeckenhaus" een décke Merci fir déi ganz flott a léif Initiativ.