Grouss Stock-Cars Show

De Sonnden de 16. August war zu Buschdorf déi 6. Course vun der Lëtzebuerger Stock-Cars Meeschterschaft, organiséiert vum Stock-Cars Club Käl.

Et waren vill Zuschauer op de Rdv komm. Déi sinn dann och mat vill Spektakel belount ginn. Et ass op deem schnellen Parcours schéin geraibert ginn a munch Rennwon ass op der Kopp leien bliwwen. Jiddefalls hunn Coursen oft missen ënnerbrach ginn fir d'Piste ze degagéieren. Den Manitou war oft am Asaz fir d'Autoen op d'Säit ze raumen. Munnech Maschinn konnt och no engem Crash net méi weider fueren. Et sinn an deene verschiddene Kategorien zwee Ausscheedungsleef an eng Finale gefuer ginn. Dat war vill Kaméidi, Knupperten an Stëbs.

Den 13. September ass deen nächsten an zweetleschten Rdv vun der Saison. Deen fënnt nach eng Kéier op der schéine Piste vun Buschdorf statt. Den Organisateur ass dann den Senator Team Béiwen/Attert. Eng Woch drop ass dann dee leschten Laf zu Schëtter, organiséiert vum Tornado Team Hamm.