Chrëschtconcert vun der Chorale Ste Cécile vu Kanech

Chrëschtconcert zu Kanech.

Kurz virun de Feierdeeg huet d’Chorale Ste Cecile vu Kanech am Kader vun hirem Anniversaire e Concert an der Kanecher Kirch organiséiert. Um Programm stunge Stécker ganz am Sënn vu Chrëschtdag. Ënnert der Leedung vun der Dirigentin Léini Fischer an a Begleedung vum Nico Klein um Piano huet d’Chorale mat engem beschwéngten awer trotzdem besënnleche Programm opgewaart. Nom Concert gouf eng Quête organiséiert zu Gonschte vun der Île aux clowns, deren Direkter Marco Heil an der Paus e kurze Bericht iwert d’Aktivitéite vun der Organisatioun Île aux Clowns gemaach huet.