Generalversammlung vun der Chorale Ste Cecile vu Kanech

Viru Kurzem huet d'Chorale Ste Cécile vu Kanech op hir Generalversammlung geruff, fir e Réckbléck op daat vergaangent Joer ze maachen. Ervirgestrach gouf, datt d'Chorale zanter Mäerz 2015 eng nei an dynamesch Dirigentin an der Mme Léini Fischer huet, an datt séch zwee nei Sängerinnen, d'Lucie Borges an d'Sophie Schmitz, der Chorale ugeschloss hun. Op alle Kirchefester war d'Chorale gesanglech dobäi, fir mat hirem stëmmege Gesank d'Massen ze verschéineren. Och op der Kommioun zu Bous ware si präsent. Zu de sonndeegleche Massen hun séch awer och iwert d'Joer eng Hochzäits- a siwe Begriefnesmassen dozougedon, sou wéi e Concert mat der Schëtter Chorale an der Schëtter Parkirch an d'Kirmesmass zu Lenneng.
Op den Dag zielt d'Chorale 16 Memberen a begleet gi si vum Här Dechen Marcel Pundel, den Häre Paschtéier Aloyse Beck a Marcel Groff, an den Organisten Nico Klein a Magret Warton.
E grousse Merci goung un d'Gemeng fir hir finanziell Ennerstëtzung.
Als Vertieder vun der Gemeng huet di éischt Schäffin Marie-Rose Hopp-Zeimet der Chorale Merci gesot an hir weider Ennerstëtzung zougesoot.
Den Här Dechen Marcel Pundel huet als Vertrieder vun der Kirch der Chorale e Luef ausgeschwat an hinnen fir d'Zesummenaarbecht Merci gesot.
Bei engem Patt an engem gudde Mauffel gouf den Owend ausklénge gelooss.