Generalversammlung Fraen a Mammen Kanech mat Scheckiwerréechung

Am Kader vun enger aussergewéinlecher Generalversammlung hun di Kanecher Fraen a Mammen de 15. Mäerz 2023 de Veräin opgeléist, haaptsächlech well et u Nowues feelt. Während bal 50 Joer goufen Don’en vu ronn 85000 EUR fir d’Kanecher Kierch an e sëllech aaner gudd Wierker gespennt. Zu dësem stolze Betrag zielen och déi läscht 16000 EUR iwer déi folgend Organisatioune séch fréen: Institut St Joseph Betzdorf, Lëtzebuerger Kannerduerf Miersch, Croix-Rouge luxembourgeoise, Trisomie 21 Lëtzebuerg asbl, Fondation Cancer, AMU-Projet Weesekanner Indien. Den Här Buergermeeschter huet Merci gesot fir déi joarelaang Aarbecht am Déngscht vun der Kierch an der Gemeng vun de Fraen a Mammen a betount, dass de Veräin an Zukunft wäert vermësst gin. (eh)