Kanech : Generalversammlung vun der Chorale Sainte Cécile


Zu de Manifestatiounen am Kalenner vum Veräi gehéiert d’Generalversammlung, déi dëser Deeg a Wëllems statt fonnt huet. A senger Begréissung ass de President Jos Schmitz op d’Engagement vun de Sänger an d’Freed mat der si hire Gesank maachen, agaangen, ir et um Aktivitéitsbericht vun der Madame Marie-Paule Hoeser war. Wéi all Joer, war d’Chorale och am leschte Joer bei de Sonndesmassen an op de kierchleche wéi weltleche Feierdeeg präsent. Um Cäciliendaag goufe verschidde Membere fir hir laangjäreg Déngschter mat Medaile vum Piusverband geéiert. Op zwee Weekender huet d’Chorale hir Keess duerch Grillen opgebessert.
Den Héichpunkt awer war de Galaconcert, den 23. Oktober zu Kanech am Festsall, deen en onerwaart grousse Succès hat. Ofwiesselnd mat der Duelemer Chorale hu si Stécker aus verschiddene Musicale virgedroen. Revanchéiert huet d’Chorale vu Kanech sech an deem si zu Duelem um Chrëschtconcert vun der Chorale gehollef hunn.
De Keesebericht vun der Madame Suzy Hild huet gewisen, datt et e gesonde Veräin ass an d’Keeserevisoren hunn dozou och hir Zoustëmmung ginn.
E grousse Merci gouf et och vu Säite vum Här Paschtouer Beck , deen als kierchleche Vetrieder vun de Geeschtlech, déi an der Par d’Mass halen, präsent war.
De Buergermeeschter Arnold Rippinger huet als Virstand vun der Gemeng seng Hëllef zougeséchert, ass d’Gemeng dach als Haushär vun der Kanecher Kierch ëmmer mat engem oppenen Ouer fir d’Chorale vu Kanech do.
Bei engem gudde Maufel goung den Owend ausklénge gelooss.