Konscht op der Kap mat gläich 7 Kënschtlerinnen


Kapellen: Dese Weekend ass d‘Galerie op der Kap schéi gefëllt mat Molereien a Keramik. Ganz vielfälltig sin di wonnerbar Molereinen realiséiert mat ënnerschidlichen Techniken, Collagen am Acryl op Toile, déi vun de Künstlerinnen Patrizia Cassone-Morigi, Annette Guyot-Lambrechts, Raymonde Holz-Brochmann, Marie- Paule Ludovicy- Urbing, Linda Pater an Pascale Seyler wärend zwéin Deeg an der schéiner Galerie ausgestallt sin. Ganz abstrakt stinn héi Biller mat Landschaften, Déieren a Personagen asw. zur Schau. D‘Konscht vum Molen hun déi di verschidden Künschtlerinnen an engem Molcours vum Pascale Seyler ganz intensiv geléiert. An onregelmässigen Ofstänn vun ongeféier dräi Joer weisen dem Pascale Seyler seng Schüler, wat hat hinnen un der Konscht vum Molen bäibruecht huet. Wien e Frënd vun der Keramik ass, den kann sech di schéi Saachen vun alle Formen a Gréissten vum Danielle Magis- Lemineur héi och méi genee ukucken. D‘ Ausstellung mat fräiem Entrée an der Galerie op der Kap, 70, route d’Arlon, L-8310 Capellen ass op dese Samsden, 4. Mäerz vun 14 bis 19 Auer an e Sonnden, 5. Mäerz vun 14 bis 18 Auer. D’Vernissagefeier ass dese Freiden, 3. Mäerz um 19 Auer. Häerzlich Wëllkomm. Et ass der Wert kucken ze kommen. (CR) Fotoen: Charles Reiser)