Margréitefeier zu Kolwent 21. Juli 2019

Wéi all Jar gouf d’Patréinesch ‘d’Helleg Margaretha’ vun der Kolwenter Kapell e Sonndeg, den 21. Juli gefeiert. Eng Festmass gouf gehale vum Paschtouer Carlo Morbach an der schéi gerëschter Kapell, déi duerch de feierleche Gesang vun der Präitler Chorale, ënnert der Leedung vum Willy Laugs, verschéinert gouf. No der Mass huet de Gesank op den traditionellen Éierewäin an dem wonnerschéine Nopeschgaard vun der Famill Huberty invitéiert an esou konnt dës Feier mat engem gemittleche Patt bei herrlechem Wieder ofgeschloss ginn. Mir freeën eis elo schonns op nächst Jar 2020, well da feiert Kolwenter Kapell, gebaut am Joergang 1770, 250 Jar.