D'AAG huet hirem President äddi a merci gesot

Déi lescht Generalversammlung vun der Amicale des Anciens Gardistes (Zaldoten déi zwëschen 1946 an 1966 virum Palais stoungen) huet virun e puer Wochen an hirem Siège, dem Centre Culturel zu Colmer-Bierg stattfond. De Sekretär Jos. Rohmann konnt ongeféier 50 Läit do begréissen. Hien huet un déi Zeremonien erënnert wou mir am Laf vum Joer drun Deel huelen: Memorial Day um US-Kierfecht zu Hamm, Night Vigil zu Beefort, Voie de la Liberté (Erënnerung un den Generol Patton), Nationalfeierdag an Journée de Commémoration Nationale an der Gemeng Colmer-Bierg, Fir dest Joer ass folgendes geplangt : eng Fahrt vun 2 Deeg op Bundesgartenschau zu Mannheim, eng Visite vun der Ligne Maginot (Hackenberg).

Den Trésorier Ben Ehmann konnt fir 2022 e klenge Bénéfice vermellen. Eise Sekretär huet dann dem President Albert Feiereisen villmols merci gesot fir seng langjähreg Presidentschaft an huet him als Merci eng schéin Corbeille iwwerreecht (Foto). Den neie President Patrick Feiereisen konnt leider wéinst engem Unfall mam Motorrad net do sen. Nei an de Comité ass de Jos. Kontz opgeholl gin. Fir d‘Mëttegiesen ass kale Buffet zervéiert gin mat Tart a Kaffi fir Dessert. Nom Iessen ass eng reichhalteg Tombola ausgespillt gin.

Willy Fuchs via mywort