Visite vun der Schiefergrouw

D’Amicale des Anciens Gardistes (AAG) on tour


Ufanks September hat d’AAG en Aufluch op Uewermarteleng gemach. An der grousser Haal wou fréier déi deck Schieferbleck mat der Maschin geschnidde gi sen, haten sech iwwer 30 Memberen afond fir dem Guide nozelauschteren wéi von 1790 bis 1957 d‘Arbecht an der fréierer Johanna-Schiefergrouw fonctionnéiert huet. Déi méi kleng Bleck hun d’Arbechter aus deene 7 Ofbaukummeren um Bockel erop gedroen. Den Areal an d‘Grouw selwer sen nei agericht gin an am Juli vom Tourismusminister ageweiht gin. Et kann een bis 40 m déif erofklammen, wat mir awer aus organisatorischen Grënn net gemach hun. Mir konnten engem Leekëppert, dien selwer do geschafft huet, nokucken wéi hien aus engem klenge Block eenzel Leeën ofgespléckt an no engem Muster geschnidden huet. Och kann een sech an engem klenge Bistro bei engem Gedrënks erhuelen. Leider ass den Zichelchen deen Dag net gefuer. D’Mëttegiessen ass an engem Restaurant zu Pärel zerwéiert gin. Nomëttes hu mir de klengen Bomb Group Memorial Museum zu Pärel besichtigt. Do sen ënner anerem Stécker ze gesin vun zwee B-17 Bomberen déi am Krich iwwer Pärel zesumengestouss an erof gefall sen.

Willy Fuchs via mywort