De ''Covid-Schlof'' ass eriwwer

D'Amicale des Anciens Gardistes (AAG) huet hir Aktivitéiten erem opgeholl

Virun e puer Wochen ware mir am Éisléck op enger Plaz wou d'Rundstedt-Offensiv am Wanter 44-45 ganz schlemm gewuddert huet, bekannt als 'Hell at Schumann's Eck'. Enner der Féierung vun der Fierschtech Nicole Lenertz hu mir de 'Sentier du Souvenir' an Ugreff geholl. Zum Ofschloss hu mir eis am Café Schumann gestärkt.

Op der Generalversammlung (Foto) den 9.10. am Centre Culturel zu Colmer-Bierg konnt de President A. Feiereisen 58 Memberen begréissen. Mat dem Rapport 2020 vum J. Rohmann war et séier gedon. De Kessier B. Ehmann konnt e klenge Boni ausweisen. Mir denken drun dat nächst Joer erem eng 'Journée Nationale du Corps de la Garde' ze organiséieren. Och e puer aner Aktivitéiten goufen an d'A gefasst. De Menu Judd mat Gardebounen huet allen gudd geschmacht. Owes hu mir un der Zeremonie vun der Journée de la Commémoration vun der Gemeng participéiert.

Willy Fuchs via mywort