En Don fir den Cent-Buttek

D'Kathoulesch Männeraktioun besteet zenter 40 Joer


D'KMA hat zum Ofschloss vun de Feierlechkeeten fir 40 Joer op Echternach agelueden. Den Aumônier Fernand Huberty huet um Graw vum Hl. Willibrord, eisem Schutzpatroun, eng mass zelebréiert. Den Organist Josy Majerus huet op der Uergel gespillt an de Luc Nilles huet de Gesang dirigéiert. Bei de Fürbitten ass un déi verstuerwe Memberen vu KMA action catholique, KMA Service Tiers Monde a KMA Association Victor Elz geduecht gin. Op der Receptioun an der Gemeng huet de Buergermeeschter Yves Wengler d'Stad Echternach virgestallt an de KMA-President Jean-Paul Schneider huet en Abléck gin an déi 40 Joer Aktivitéiten. De Festmenu ass am Restaurant Petit Poète zervéiert gin. Den Cent-Buttek Beetebuerg huet e Scheck vun 2500 € iwwerreecht kritt. De President Arthur Zeimer huet eis d'Fonctioun an d'Arbecht vun desr sozialer Epicerie virgestallt. Mat Hëllef vu ville Freiwëllegen kennen domat iwwer honnert mannerbemëttelt Familjen ennerstëtzt gin. De Jos. Haas ass fir seng laangjähreg Matarbecht am Comitévun der KMA géiert gin.

Willy Fuchs via mywort.lu