D'Erënnerung wakreg halen

Generalversammlung vun der Amicale des Anciens Gardistes (AAG)

An der AAG fannen sech déi Zaldoten erem déi vun nom Krich bis 1967 am Corps de la Garde Grand-Ducale gedengt hun. Bei der leschter Generalversammlung zu Colmer-Bierg am Mäerz konnt de President Albert Feiereisen vill Läit begréissen, enner hinnen de Buergermeeschter vun der Gemeng. Et gouf och un déi verstuerwe Komerode geduecht. Aus enger Hellewul vun Aktivitéiten déi de Sekretär Jos. Rohmann virgedroen huet, hei e puer erausgepickt. De 6. Mee war déi 7. Journée Nationale du Corps de la Garde Grand-Ducale, organiséiert vun den 3 Corps vun der Entente de la Garde. D'Rees am Summer an d'Normandie vou e.a. Arromanches besicht gin ass. Am September hu mir mat de Patton Friends op enger Randonnée duerch d'Éislek Monumenter opgesicht déi un d'Ardennenoffensiv erënnert hun. Beim Rassemblement zu Biwer am Oktober hu mir en intressante Betrieb besichtegt, Ost-Fenster um Potaschbierg. Och wann de Keessier Ben Ehmann fir 2017 e klenge Minus ze vermellen hat, esou ass de Keessestand dach zefridde stellend. Fir dest Joer geet d'Rees op Seeefeld i.T. vum 25. bis den 30. Juni. No der Verlousung vun der Tombola ass d'Versammlung mat engem Mëttegiessen zu Enn gangen.

Fuchs Willy via mywort.lu