D'Erënnerung wakreg halen

Generalversammlung vun der Amicale des Anciens Gardistes (AAG)

Colmer-Bierg. An der AAG fannen sech déi Zaldoten erem déi vun nom Krich bis 1967 am Corps de la Garde Grand-Ducale gedengt hun. Bei der leschter GeneralversamrnIung zu Colmer-Bierg konnt de President Albert Feiereisen vill Läit begréissen, enner hinnen de Buergermeeschter vun der Gemeng. Et gouf och un déi verstuerwe Komerode geduecht. Vun deene villen Aktivitéiten vun 2017 déi de Sekretär Jos Rohmann virgedroen huet, siefen der e puer erausgepickt. De 6. Mee war déi 7e Journée Nationale du Corps de la Garde Grand-Ducale, organiséiert vun den 3 Corps vun der Entente de la Garde. Op der Rees am Summer an d'Normandie ass e.a. Arromanches besicht gin. Am September hu mir mat de Patton Friends op enger Randonnée duerch d‘Éislek Monumenter opgesicht déi un d‘Ardennenoffensiv erënnert hun. Beim Rassemblement zu Biwer am Oktober hu mir deen intressante Betrieb Ost-Fenster um Potaschbierg besichtegt. Och wann de Keessier Ben Ehmann fir dat lescht Joer e klenge Minus ze vermellen hat, esou ass de Keessestand dach zefridde stellend. Fir dest Joer ass eng Rees op Seefeld in Tyrol geplangt. No der Verlousung vun der Tombola ass dVersammlung mat engem Mettegiessen zu Enn gangen.

Willy Fuchs via mywort.lu