20 Jar Kanner- a Jugendchouer Konsdref

De Kanner- a Jugendchouer vu Konsdref huet fir säin 20. Gebuertsdag op e flotte Concert invitéiert. An dem gutt gefëllte Centre Kuerzwénkel zu Konsdref hu si eng Variatioun vu flotte Lidder aus dem Repertoire vun deene leschten 20 Jar, awer och ganz Neies, mat der Ënnerstëtzung vun hirer Band, Marco Bermes & Romain Boden, zum Beschte ginn. Zwëschen de Lidder huet d’Jugend mat flotten Intermezzoen a Moderatioun d’Lidder ugekënnegt. Wärend dem ganzen Owend huet eng Fotoshow déi wichtegst Optrëtter a Momenter vun deene leschten 20 Jar vum Kanner- a Jugendchouer zeréckgespigelt. Zum Schluss huet dat begeeschtert Publikum dem Chouer & hirer Band mat sengem Dirigent a Pianist Marc Loewen, mat vill Applaus nach e puer Zugaben ofgefuerdert. Bei dëser Geleeënheet goufen och Medaile vum Här Jean Ewen vun der UGDA u verdéngte Membere vum Chouer iwwerreecht. Gebuertsdag feieren heescht awer och Gebuertsdagskuch. Als Ofschloss vun dësem schéine Concert gouf Home Made Kuch, gemaach vun engem Sänger aus den eegene Reien, un all d'Leit am Sall verdeelt.