Bësch-Rallye & Summerconcert

De Kanner- a Jugendchouer hat op e flotte Bësch-Rallye & Summerconcert op d'Konsdrëffer Millen invitéiert. Vill Spaass hat souwuel d’Organisatiounsteam, wéi och d’Gruppen, déi matgaange sinn um Rallye. D'Eeërschéisse war mega. Duerno stoung um Programm e flotte Summerconcert op der Konsdrëffer Millen. D’Publikum war begeeschtert an d’Sängerinnen an d'Sänger mat hirem Dirigent Marc Loewen waren erëm frou a voller Energie fir e Live-Concert ze sangen, no all deene Corona-Nowéien. Nom Concert war d'Präisverdeelung vum Rallye. E grousse Merci u jiddereen dee matgesongen a matgehollef huet.