Bëschrallye a Summerconcert

Als Ofschloss vun der Saison huet de Kanner- a Jugendchouer Konsdref op e flotte Bësch-Rallye & Summerconcert op d'Konsdrëffer Millen invitéiert. Leider och dëst Jar Reen, de Rallye gouf ofgebrach am Bësch wéinst Onwieder, gouf awer op der Millen dréche fäerdeg gemaach. Duerno e flotte Summerconcert fir d'Saison ofzeschléissen, ouni Reen, op der Konsdrëffer Millen. D’Publikum war begeeschtert an d’Sänger*inne mat hirem Dirigent Marc Loewen hunn eng Rëtsch nei Lidder zum Beschte ginn. Zum Schluss Präisverdeelung vum Rallye. E grousse Merci u jiddereen dee matgesongen a matgehollef huet. Merci och der Konsdrëffer Millen fir d‘Benotze vun hirer schéiner Lokation.