Eemoleg Chrëschtdagsstëmmung zu Konsdref a Gréiwemaacher

Zesumme mat de Muselfénkelcher, huet de Kanner- a Jugendchouer Konsdref op zwee flott Chrëschtconcerten agelueden, souwuel an déi gemittlech Chrëschtatmosphär vum Kuerzwénkel zu Konsdref, wéi och an déi wonnerbar gerëschte Kierch zu Gréiwemaacher. Béid Concerte waren e groussaartege Succès, verbonnen duerch déi gutt Zesummenaarbecht vun deenen zwee Chéier an dat no enger laanger coronabedéngter Paus an de leschte Jaren.

Déi zwee gemeinsam Chéier stoungen ënnert der Leedung vum Marianne Hengel, Nathalie Laurent a Marc Loewen. Begleet goufen si um Piano vum Denis Ascani.

Mat villen internationalen a freedege Chrëschtmelodië gouf d’Publikum verwinnt, den Héichpunkt zum Schluss vum Concert war de ‚Chrëschtgedanken’ an de ‚Petit Papa Noël‘. D‘Publikum war begeeschtert an huet et net ausgelooss de Sängerinnen a Sänger e puer Zugaben ofzefuerderen.

No de Concerte goufen déi zwee schéin Owender bei engem gudden a gesellege Patt mat Chrëschtgebäck a Knabblereie gemittlech ausklénge gelooss.