Chrëschtconcert vum Kanner- a Jugendchouer Konsdref

De Kanner- a Jugendchouer Konsdref hat op säin traditionelle Chrëschtconcert invitéiert, dës Kéier an enger gemittlecher Chrëschtatmosphär an engem gutt gefëllte Festsall um Scheedgen. Mat flotte Chrëschtlidder huet de Chouer d’Publikum begeeschtert, dëst mat der Ënnerstëtzung vum Marco Bermes um Drumset an dem Romain Boden um Kontrabass. Mam Lidd ‚Applaus, Applaus fir déi flott Zäit’ hunn d’Sänger*innen de Marc Loewen, Dirigent a Pianist, iwwerrascht an him vill Gléck op sengem weidere musikalesche Wee gewënscht. E ganz décke Merci un de Marc, fir säin Engagement a seng wäertvoll Aarbecht, déi hien déi läscht Jären fir de Chouer geleescht huet. Nom Concert gouf dee schéinen Owend mat engem Patt Glühwäin a Chrëschtgebäck geselleg ausklénge gelooss.