Maske fir e gudden Zweck

Konsdref/Bäerdref: D'Manon Krippes "vun iis" vu Konsdref huet am Confinement séng Bitzmaschinn agestallt fir Masken géint de Coronavirus ze bitzen.

Déi apaart Modelle vu Maske goufen zu Bäerdref am "Bäedrefer Eck" ugebuede géint e klengen Don. Dobäi sinn 1.100 Euro gesammelt ginn, déi elo dem Office Social regional vu Beefort a Form vu Corbeillen iwwerreecht goufen fir deene Leit ënnert d'Ärem ze gräifen, déi besonnesch ënnert de Konsequenze vun der Coronakriis leiden.