Don fir d'Stëmm vun der Strooss

Um 2ten Adventsweekend get all Jar de schéine Chrëschtmaart vu Méischdref oofgehalen. Do sinn d’Biz-Damme, Virginie Lickes, Michèle Zeimetz a Manon Krippes, wéi d’Traditioun et wëllt, ëmmer präsent fir hier gebitzten a gebastelt Saache fir e gudden Zweck ze verkafen. Och d’lescht Jar war hier Aktioun e grousse Succès a si hunn déi schéin Somme vun 2.700 € der ONG Stëmm vun der Strooss iwwerreecht fir hier Aktioun zu Ettelbréck, mat der medezinescher Versuergung vun de Leit, ze ënnerstëtzen.