Schéi Spend fir Eng oppen Hand fir Malawi

Virum Chrëschtmaart vu Méischdref haten d’Bitz-Damme, Virginie Lickes, Michèle Zeimetz a Manon Krippes fläisseg gebitzt a gebastelt. Si hunn hier wonnerbar Saache mat Charme den 2ten Adventsweekend un de Mann bruecht an hate vill Succès bäi hire treie Clienten. Esou sinn 2.700 € zesumme komm, déi se dëst Jar der ONG Eng oppen Hand fir Malawi, bäi enger klenger Feier um Berdorfer Eck iwwerreecht hunn.