E ronne Gebuertsdag gouf zu Mompech gefeiert

De 15. September huet d’Madame Irma Krippes-Dahm vu Mompech hiren 80. Gebuertsdag gefeiert. Bäi der Geleeënheet huet de Schäfferot an de Gemengesekretär vun der Fusiounsgemeng Rousport-Mompech sech et net huele gelooss fir der rüsteger Jubilarin gratuléieren ze kommen an hir e flotte Cadeau ze iwwerreechen. D’Madame Krippes war 24 Jar laang Buergermeeschter vun der Gemeng Mompech a bäi der klenger Feier, bäi beschtem Wieder, goufe vill flott Erënnerungen aus hirer Zäit an der Duerfpolitik opgefrëscht. Mat de beschte Wënsch fir d’Zukunft ass, bäi engem gudde Pättchen, op d’Gesondheet vun der Éierebuergermeeschtesch geprost ginn.