Nei Blummekinnigin Angelina

Den 12. Juli 2023 war d'Kréinung vun der neier Blummekinnigin 2023 zu Meechtem am Domaine Pundel-Hoffeld. No den offizielle Riede vun de Blummekinniginnen an dem Vertrieder vun der Gemeng, war et un der Vertriederin vun der Ligue CTF fir der scheedender Blummekinnigin Claire Merci ze soe fir hire groussen Asaz wärend dem Jar 2022-23 an der neier Blummekinnigin Angelina a sengen 2 Prinzessinne Lexy a Nathalie alles Guddes fir dat nächst Jar ze wënschen. Duerno huet d'Claire der neier Blummekinnigin seng Kroun feierlech iwwerreecht. Déi schéi Feier ass mat engem Éierewaïn, offréiert vun der Gemeng Wuermer, ofgeschloss ginn. Bei der Geleeënheet ass eng speziell Cuvée Angelina opgedëscht ginn, eng Cuvée déi een och um Domaine Pundel-Hoffeld kafe kann.