25.1 : Chequeiwwerreechung u Rahna "Muppen hëllefe Leit am Rollstull"

De Gaart an Heem Conter bënnt all Joers no enger aaler Traditioun fir Léiffrawëschdag ongeféier 100 Wësch, déi aus verschiddenen Heelkraïder aus Gaart a Gewaan bestinn.
Den Erléis vun de geseente Wësch ass fir Associationen déi sech fir aner Leit asetzen.
Am Joer 2016 war den Erléis u Rahna "Muppen hëllefe Leit am Rollstull"
De 25.1.2017 op der AG vum Gaart an Heem ass de Cheque vun 700 € u Rahna iwwerreecht gin.