26-6-2019 : Conter Gaart an Heem ënnerstëtzt 6 Associatiounen

An der ausseruerdentlecher Generalversammlung gouf d'Décisioun geholl, déi Conter Sektioun vum CTF op den 1.Juli 2019 opzeléisen. An engems gouf festgehal, d'Veräinsverméigen zu Gonschte vu 6 verschidden Associatiounen ze verdeelen, déi entweder an der Gemeng Conter hire Siège hunn oder mat deenen eise Gaart an Heem all déi Joren iwwer besonnesch verbonne war, an zwar all Kéier 5.000,- € fir "Alupse", "APEMH", "Les Amis AYUDAME", "Mutforter Haff", "Rahna" a "Fondatioun Kriibskrank Kanner". Donieft kritt och d'Ligue vum CTF 3.000,- € fir hire Projet "Neit Heem" (Schoulgaart a Schoulungszentrum).

Bei enger sympathescher klenger Feier sin de 26.6 déi verschidde Cheques iwwereecht gin, an d'Freed nach Guddes bewierkt ze hun, huet dem Gaart an Heem Conter d'Décisioun e bësse méi liicht gemach.