De Conter Gaart an Heem ënnerstëtzt d'Fondatioun Kriibskrank Kanner

Enn Februar hat de Gaart an Heem Conter seng Generalversammlung zu Mutfort am Centre Culturel.

Bei där Geleeënheet hunn de Comité an d'Memberen d'Freed gehat, de Vertrieder vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner e Chèque vun 1000 € z'iwwerreechen. Dës Zomm war den Erléis vum Krautwësch, deen zejoer op Léiffrawëschdag verdeelt gouf.

De Conter Gaart an Heem huet virun enger Rei vu Joren dës al Traditioun vum Krautwësch neess nei opliewe gelooss a wëllt se och an Zukunft baïbehalen, fir esou all Joer eng caritativ Associatioun kënnen z'ënnerstëtzen.