De Conter Gaart an Heem ënnerstëtzt de Mutferter Haff - Mathëllef asbl

De 27.Mäerz 2019 d' Generalversammlung vum Gaart an Heem am Centre Culturel "An Henkes" zu Conter.

Bei där Geleeënheet haten de Comité an d'Memberen d'Freed , a Präsenz vun der Madame Buergermeeschtesch , de Gemengevertrieder an dem Vizepresident vun der Ligue CTF , e Cheque vun 1000 € un d'Vertrieder vum Mutferter Haff, dem Här Demuyser an dem Här Kolber z'iwwerreechen.

Dës Zomm ass den Erléis vum Krautwësch , deen zejoer op Léiffrawëschdag zu Conter gebonnen a verdeelt gin ass.

De Comité vum Gaart an Heem seet all deene Leit déi eis ënnerstëtzt hun, e grousse Merci. Ouni hier Hëllef hätte mir dës Traditioun nët kënnte weiderféieren .