Aweiung vum Bédéric-Monument zu Conter

De Freideg, den 8. Juli hunn d'Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet, d’Schäffen Fernand Schiltz an Tom Jungblut souwéi de Gemengerot vu Conter zesumme mat hirer BD-Kommissioun op d‘Aweiung vum neie Bédéric-Monument am Bäisi vum Tourismusminister Lex Delles agelueden.

De Bédéric, deen 2020 am Kader vun engem Concours entstanen a säitdeem d'Maskottche vun der Gemeng Conter ass, ass heimat fir ëmmer dat ganzt Joer visibel an der Gemeng, an net nëmme während dem Festival de la Bande Dessinée, dat traditionell all Juli stattfënnt. Nieft dësem neie Monument fannt Dir de Bédéric och op den neie Bicherkabinnen uechter d'Gemeng an op dem Conti Bus.