Fest vum 3. Alter an der Gemeng Conter

D'Gemeng Conter feiert am November hir traditionell Feierstonn vum Drëtten Alter, wou eis Matbierger ab 70 Joer sech zesummefannen, fir e gesellegen Dag mateneen ze verbréngen an ausgeloossen ze feieren. An dëse schwéieren Zäiten, wou de Coronavirus nach ëmmer grasséiert a grad vulnerabel Leit nach ëmmer net hiert d'Liewen, esou wéi si et virdru kannt hunn, liewe kënnen, huet sech de Schäfferot vun der Gemeng Conter den 10. November eppes Besonnesches afale gelooss - en Dag um Schëff "Marie-Astrid" fir d'Feier-stonn vum Drëtten Alter.

Bei engem gemittlechen Tour iwwer dräi Stonne konnten eis eeler Matbierger e leckert Mëttegiessen a gudder Gesellschaft genéissen an ausgeloosse mateneen danzen, mat musikalescher Begleedung duerch d'Sandy Botsch.


D'Eieregäscht vum Dag - eis Awunner mat ronnem Gebuertsdag ab 75 Joer an d'Brautpueren, déi hir gëllen Hochzäit feieren - krute fir dës Occasioun e flotte Cadeau vun der Gemeng: e schéine Blummestrauss, eng Orchidee resp. e Coffret mat Auxerrois Kourschels 2021. All Participant krut iwwerdeems lecker Knippercher vum Leonidas.

Villmools Merci u jiddereen, dee mat deelgeholl huet an dëst Fest onvergiesslech gemaach huet!