Journée commémorative

E Sonnden den 9. Oktober huet de Schäffen- a Gemengerot zesumme mat den Enrôlés de Force Sektioun Conter a Vertrieder aus de Veräiner un déi 17 am Krich gefale Jongen aus der Gemeng Conter geduecht.

Säit 1946 steet d'Journée de la commémoration fest um Programm, een Erënnerungsdag un déi schwéier Zäiten, déi d'Lëtzebuerger Vollek an de Joren 1940-45 duerchlieft huet.

Um Programm stoung de Rassemblement vun alle Bedeelegten um 11.00 Auer virum “Monument aux Morts” op der Plaz „Ons Jongen“ zu Mutfert, wou d'Choralen aus der Gemeng e patriotescht Lidd ugestëmmt hunn an de Schäfferot eng Gerbe néiergeluecht huet.

No enger patriotescher Ried vun eiser Buergermeeschtesch, dem Marion Zovilé-Braquet, huet d'Harmonie Mutfert-Méideng wéi gewinnt d'Sonnerie aux Morts gespillt.

Duerno gouf eng Gedenkmass zu Mutfert fir déi Gefalen a Vermësste vum Zweete Weltkrich ofgehalen.

*Weider Gerbë goufe beim Monument aux Morts zu Éiter, beim Monument "A nos morts" zu Conter an um Sentier de la résistance et de la jeunesse sacrifiée 1940-45 zu Conter an der Industrizon néiergeluecht.