KONVENIAT vun der TRANSMISSIOUN 1964

Den 23 ten Konveniat vun der TRM 1964 gouf des Kéier mat enger Féierung durch Gebäi vum Biodiversum zou Remerschen mat dem Raymond Gloden ageléet.Säin Wëssen iwwert den Haff Réimech huet de Grupp an Staunen versat.D'Mëttegiessen war zou Stadbriedemes am Restaurant"an der Tourelle",de Menü war exzellent an huet dem Haus all Luew abruecht.Geduecht gouff och un déi Komeroden,déi net méi oder net um Konveniat deelhuelen konnten.16 fréier Zaldoten waren erem derbäi an et gouff Merci gesot fir déi gutt Organisatioun déi och weiderhin an den Hänn vun Kieffesch Ren sollt bleiwen.Den Konveniat vum nächsten Joer sollt dann am Zentrum vum Land sinn fir all Komeroden bei gudder Gesondheet an beschter Laun,wéi dat och dëst Joer erem de Fall war.Fir de Jubiläumskonveniat "60 Joer entlooss" am Joer 2024 soll de Rendezvous zou Dikrech sin wou een Deel vun dem Militärdéngscht geleescht gouf an wou Virbereedungen schons lafen.