D'Amicale vun de fréiere Gemengevertrieder aus dem Kanton Réimech hunn op hîr desjähreg Generalversammlung op Stadbriedemes an de Restaurant "An der Tourelle" agelueden.Op dem "Ordre du Jour" eng Statutenännerung an der Form vun enger ASBL.Begréissong huet de President André Vandendries gemat an Merci gesot derfir Präsenz vun de villen Memberen.D'Rapporten goufen ugeholl an momentan ass Finanzlag stabil dank der Ënnerstetzong vun verschidden Gemengen.Bei der fräier Aussproch ass den Programm fir d'Joer 2026 festgeluet gi verbonne domat déi besteeënd Frëndschaft an gudd Kollégialitéit weiderhi ze fleegen.Zuel vun de Memberen läit momentan bei 43 ,weider Interessente sinn ëmmer nach wëllkomm.De Nicolas Strotz ass Eéirepresident an de Comité setzt sech zesumme mat André Vandendries President,Josy Zenner Vizepresident,René Kieffer Sekretär,Jim Krier Trésorier an de Membere Fernand Kieffer an Nicolas Strotz.Bei engem gudden Mëttegiessen gouff nach e puer gemittlech Stonn bei beschter Laun verbruecht.