KONVENIAT vun der TRM 1964.

FËLSCHDREF.Den 23 ten Konveniat vun der TRM 1964 gouf des Kéier mat enger Féierung durch Gebäi vum Biodiversum zou Remerschen mat dem Raymond Gloden ageléet.Säin Wëssen iwwert den Haff Réimech huet de Grupp an Staunen versaat.D'Mëttegiessen war zou Stadbriedemes am Restaurant" an der Tourelle",de Menü war exzellent an huet dem Haus all Luew abruecht.Geduecht gouff och un déi Komeroden,déi net méi oder net um Konveniat deelhuelen konnten.16 fréier Zaldoten waren erem derbäi an et gouff Merci fir déi gutt Organisatioun déi och weiderhin an den Hänn vun Kieffesch Ren sollt bleiwen.Den Konveniat vum nächsten Joer soll dann am Zentrum vum Land sinn fir all Komeroden bei gudder Gesondheet an beschter Laun,wéi dat och dëst Joer erem de Fall war.Fir de Jubiläiumskonveniat " 60 Joer entlooss" am Joer 2024 soll den Rendez-Vous zou Dikrech sin wou en Deel vun dem Militärdéngscht geleescht gouf an wou Virbereedongen schons lafen.

Kieffer René by mywort