AMICALE Fréier Gemeenevertrieder Kanton Réimech "on Tour".

FËLSCHDREF.De Komitee vun den fréieren Gemeenevertrieder aus dem Kanton Réimech huet den 17 ten November op eng "Visite Guidée" vun der Kellerei Domaines Vinsmoselle zou Welleschten agelueden an 29 Leit hunn sech desem Wonsch ugeschloss.Ennert der Leedung vum Josy Gloden hunn se sech Aarbechtswelt an der Kellerei ugekuckt fir festzestellen, mat wat fir engem Opwand eisen Wäin hiergestallt gëtt.Durno war Wäinschmaachen ugesoot an d'allgemeng Ménonk war déi,dass eis Wäiner an Crémants vun exzellenter Qualitéit sinn an et och gutt mat dem Ausland können ophuelen.Beim Mëttegiessen "an der Tourelle" zou Stadbriedemes,bei engem Top-Menü war Stëmmong gutt;Politik keen Thema;an Ménonk déi,bei der nächster Generalversammlung am März 2023 e weideren Programm vun esou Rendez-vousen virzegesinn.D'Amicale ass och ëmmer bereet,nei Memberen opzehuelen fir d'Frëndschaft an Kollégialitéit weiderhinn ënnert "fréieren Politiker"esou oprechtzerhaalen.

René Kieffer by mywort.