KONVENIAT TRM 1964

Fëlschdref/Bäerdref.Déi fréier Zaldoten vun der TRM 1964 vun der Arméi hunn sech viru Kuerzem op hirem Konveniat erëmgesinn.18 Kollege haten erem Interessi gewisen an waren op dem "Rassemblement".No enger "Visite Guidée" an engem Apéro am Aquatower zou Bäerdref,war den Rendez-Vous um Mëttesdësch am Restaurant Kinnen zou Bäerdref wou och un déi geduecht déi net méi enner eis oder des Kéier net derbäi konnten sinn.Durno ass nach Bäerdrefer Kéisserei Schmalen besicht ginn.Mat dem Verspriechen sech näechst Joer em déiselwecht Zäit eremzegesinn,huet dest Jorestreffen säin Ofschloss fondt.Fir d'Organisatioun vun desem Dag deen an gudder Erënnerong bleiwt, war de René Kieffer vu Fëlschdref.