Mäertensfeier bei den Duelemer Guiden a Scouten

Dalheim: Fir hire Patréiner a Viirbild , den hellege Mäerten ze éieren, hate sech déi Duelemer Guiden a Scouten e Samsdeg 11ten November 2023 (genau 1.626 Joer no dem sengem Begriefness) RV gin, fir e puer extra Stonnen ze erliewen. Am fréien Nometteg hu Biber a Wellef zesummen Lanteren gebastelt a Lidder astudéiert. Fir 18:00 si sie am Lantere-Kortège an, an duerch d’Duelemer Kiirch gezunn, wou schon de Räscht vum Grupp gewaart huet, fir zesummen Mass ze feieren.

Duerno goung et bei den Home, wou eng kleng Agape a frëscht Gedrénks fu fleissegen Hänn zervéiert gouf a wou jidfereen eng Duelemer-Mäertens-Mantel-Mëtsch offeréiert krut. Anschliessend gouf et eng Rétrospektive op d’Feierlechkeeten vum 5te Mäerz 2023, wou d’Duelemer Guiden a Scouten hiren 30te Gebuertsdag grouss gefeiert haten. Duerno huet de Philippe Lahr eis Memberen, mat engem brillianten Exposé iwert d’Erliefnesser vun eise Carapio um Weltjamboree dëse Summer a Südkorea, mat op d’Rees gehollt. Den Ofschloss huet dëse flotten Daag mat enger Karaokesession fonnt.