Vu Méindes dem 17ten August bis Donnegdes den 20ten August waren 20 Memberen vum Gaard an Heem Fëlschdref a.s.b.l. zesummen op d’Rees gang, fir d‘Dahlienbléih an Holland ze erliewen. D’Visite vun 2 groussen Ziichtereien zu Appeltern an zu Voorhout hun eis e wonnerbaren Abléck an d’Vielfalt an d’Schéinheet vun der Dahlienkultur gin. Eng Bootsfahrt ab Warmond iwert d’Kagerplassen, e grousst Séi-gebidd am gréngen Herz vun Holland mat flachen Séien a Polderinselen, eng Visite zu Katwijk, Leiden an Delft, hun dess Rees zu engem schéinen Erliefness gi gelooss.