Gemeinsam BA vun den Duelemer Guiden a Scouten

Filsdorf: Fir Sondes den 8te Mäerz 2020 haten d'Duelemer Guiden a Scouten hellege Mäerten op en indescht Benefiz-Iessen op Fëlschdreff an d'Salle Polyvalente invitéiert.

Fir de Profit ze maximéieren, haten d'Scouten d'Wueren fir daat Iessen aus hirer Kees bezuelt. Zur grousser Freed vun den Organisateuren waren sie komplett ausverkaaf. Esou hun eng 58 Gäescht e puer flotter Stonnen bei authentescher indescher Kichen konnte verbréngen. Eng gudd Stëmmung an allgemeng Zefriddenheet, war e schéine Merci. Den Erléis vun dëser Aktioun geet un eise Paschtouer Jeyaraj SANTHANAM (den abbé Jey) deen a senger Heemecht am indesche Bundesstaat Tamil Nadu eng Reih Projet'en bedreift, fir Weesekanner aWittfraen mat Kanner ze hëllefen, an hinnen eng Perspektive ze bidden.