Andy Loor – 10 Joer Dirigent vun der Chorale Municipale Sängerbond Diekirch

Den 3. Mee an de 4. Mee war am Festsall vum Dikrecher Kolléisch en aussergewéinleche musikalesche Moment fir de Sängerbond Dikrech. De Concert “Let’s Sing Movies” war een emotionalen Ofschloss vun engem wichtege Kapitel: Et war den Abschidsconcert vum Andy Loor als Dirigent vum Chouer, nodeems hien dësen 10 Joer laang geleet a gepräägt huet.


D’Chorale Municipale Sängerbond Diekirch huet zesumme mam Ensemble Vocal Eurocantica, deen och laang ënnert der Direktioun vum Andy Loor stoung an elo vum Daniel Lang geleet gëtt, de Public mat engem Programm vu beléifte Melodien aus der Filmwelt verzaubert. Begleet goufen d’Chorale vum Jos Majeurs um Piano.


De Concert war och eng Reflexioun vun de leschten zéng Joer Entwécklung vum Sängerbond. Nodeems de fréieren Dirigent Raymond Majerus 2014 zeréckgetruede war, huet de jonke Museker Andy Loor frësche Wand an de Sängerbond bruecht. Hien huet net nëmme Musek op héijem Niveau op d’Bee gestallt, mee och nei musikalesch Richtungen ageschloen, déi traditionell a modern Elementer verbannen.


En Héichpunkt a senger Carrière war 2016 d’Opféierung vum Geiger von Echternach am Kader vu sengem Ofschlossexamen op der Universitéit Maastricht. Doropshin huet hien de Sängerbond duerch eng Rei innovativ Projete gefouert, dat mat souwuel klassescher wéi och populärer Musek, wéi ënnert anerem Gospelconcerten, The Armed Man, Chansons Françaises an Haydn meets Sting.


Besonnesch erausstiechend war de Projet Sängerbond & Friends, deen et neie Sänger*innen erlaabt huet, op onkomplizéiert Manéier beim Chouer matzemaachen.

2024 huet den Andy Loor decidéiert d’Direktioun vum Dikrecher Sängerbond ofzeginn. Seng Zäit beim Sängerbond huet e musikalescht a mënschlecht Vermächtnis hannerlooss: en Engagement fir Qualitéit, Freed u Musek, an eng staark Gemeinschaft.

D’Nofolleg iwwerhëlt de Jean-Paul Majerus, laangjärege Frënd vum Andy a vum Sängerbond. Mat him wäert d’Chorale hir musikalesch Rees a Richtung 175. Anniversaire am Joer 2026 virufueren. Den offiziellen Optakt zu dëse Feierlechkeete fënnt de 14. Dezember 2025 um 17.00 Auer an der grousser Kierch zu Dikrech statt, wou den Andy dann och symbolesch den Dirigentestaf wäert weiderginn.