D'Petite Messe Solennelle fir den 175. Anniversaire vun Dikrecher Sängerbond
um weitere Bilder zu sehen.
E Samschdeg, den 18. Abrëll, war zu Dikrech deen 3. Concert am Kader vum 175. Anniversaire vun der Chorale Municipale Sängerbond Dikrech. Den Ensemble Vocal Cantica vun Dikrech huet d’Petite Messe Solennelle vum Gioachino Rossini presentéiert, ee vu senge markantste geeschtlege Wierker. Haaptsächlech bekannt als Operkomponist, verbënnt de Rossini a senger Petite Messe Solennelle säin onverwiesselbare Sënn fir intuitiv Melodien, raffinéiert Harmonien, zesumme mat strengem Kontrapunkt a groussem Respekt zu de sakralen Texter.
D’Soliste Gaby Wolter-Boever (Sopran), Myriam Pütz-Weisgerber (Alt), Marc Dostert (Tenor) a Manfred Logeling (Bass) hunn de Publikum direkt an hire Bann gezunn. Mat vill Sensibilitéit, Stilsécherheet a stëmmlecher Perfektioun hu si dem Rossini seng lyresch bis hin zu dramatesch Arie gesongen. Duerch déi reduzéiert Besetzung mat Piano an Harmonium, déi den Alain Pütz (Piano) an de Jonah Pütz (Harmonium) meeschterhaft ëmgesat hunn, entsteet eng besonnesch Klangfaarf, déi de Stëmme vill Raum gëtt.
Besonnesch ervirzehiewen ass hei dem Alain Pütz säi Gefill fir d’Dynamik an alle Passagen, besonnesch de renge Piano-Solo am Prélude réligieuse. Mat grousser Virtuositéit hunn déi zwee Museker (Papp a Jong) de Solisten an dem Chouer déi néideg musikalesch Impulser ginn.
Den Ensemble Vocal Cantica, ënnert der Leedung vum Jean-Paul Majerus, beandrockt ëmmer rëm duerch hire Klang an Nuanceräichheet. Mat stëmmlecher Liichtegkeet a rhythmescher Sécherheet wousst de Chouer an alle Passagen z’iwwerzeegen an huet zesumme mat de Solisten, Pianist an Harmonium, dem Public, dee mat laangem Applaus Merci gesot huet, en onvergiesslechen Owend geschenkt.
Dëse Concert war e passende Bäitrag zum Anniversaire vum Dikrecher Sängerbond an huet gewisen, datt d’Chouermusek zu Dikrech eng ganz wichteg Roll spillt.
An deem Kader wëlle mir gären op eise Gesangsdag de 27. & 28. Juni opmierksam maachen, dee ganz am Zeeche vum Gesang steet. Mat Workshops, Ateliere fir déi Kleng a Concerten kënnen d’Leit souwuel aktiv wéi och als Nolauschterer d’Chouermusek zu Dikrech genéissen. Kommt a feiert mam Sängerbond! Weider Detailer op www.sbd.lu.