Ee beandrockende a cappella Concert an der Dikrecher Parkierch

E Sonndeg, de 15. Mäerz, war zu Dikrech e Concert am Kader vum 175. Anniversaire vun der Chorale Municipale Sängerbond Dikrech. Invitéiert war d’Maîtrise Sainte-Cécile vun der Cathédrale Notre-Dame de Luxembourg. Mat hirem Programm Cantemus a Cappella, ënnert der Leedung vum Marc Dostert, hunn si e Programm vu sakraler a capella Chouermusek presentéiert.


D’Kierch war gutt gefëllt a schonns mat deenen éischten Téin gouf däitlech, datt de Public ee ganz besonnesche musikaleschen Owend géing erliewen. De Programm goung duerch di verschidden Epochen a Stiler vun der Chouermusek an de Chouer huet déi verschidde Wierker mat engem homogene Klang a grousser Präzisioun interpretéiert.


Direkt am Ufank huet dem Rheinberger säin “Abendlied” fir eng roueg a waarm Atmosphär gesuergt. Duerno konnt een d’Noémie Sunnen am Rutter sengem Stéck “Open thou mine eyes” héieren. Och Wierker wéi dem Dubra säi “Rosa vernans caritatis” oder dem Standfort säi “Beati Quorum via” hunn di grouss Diversitéit vum Ensembel gewisen.


Eng besonnesch Roll huet och d’Notzung vum Raum gespillt: de Chouer huet net nëmmen aus dem Altorberäich gesongen, mee huet sech och op verschidde Plazen an der Kierch verdeelt. Doduerch sinn ëmmer nees aner Klangeffekter entstanen, besonnesch bei Wierker wéi dem Franz Biebl säin „Ave Maria“ oder dem „Immortal Bach“ vum Knut Nystedt.


Am weidere Verlaf vum Programm stoungen den „Da pacem“ vum Arvo Pärt, den „O nata lux“ vum Morten Lauridsen an den „Jauchzet dem Herrn” Felix Mendelssohn op der Affiche.


Zum Schluss vum Concert huet de Public de Sänger*inne vun der Maîtrise mat vill Applaus a Standing Ovations Merci gesot. Dësen Owend huet gewisen, wéi intensiv a beréierend Chouermusek ka sinn, wa just di mënschlech Stëmm de Raum fëllt.

Ee Concert, deen de Leit bestëmmt nach laang an Erënnerung wäert bleiwen.


De nächste Rendez-vous am Kader vum 175. Anniversaire vum Dikrecher Sängerbond ass den 18. Abrëll 2026 um 20 Auer an der Dikrecher Parkierch, mat der Messe solennelle vum Rossini, presentéiert vum Ensemble Vocal Cantica, ënnert der Leedung vum Jean-Paul Majerus. De ganze Programm a weider Detailer fannt Dir ënnert www.sbd.lu.


Fotoen: Ville de Diekirch