Cäciliendag beim Weimeschkiercher Kierchegesang
Den 22ten November 2020 huet d‘Chorale zu Éieren vun der helleger Cäcilia,
eng feierlech Mass fir déi liewend a Verstuerwen Memberen vum
Kierchegesang gesongen. D'Mass gouf vum Här Dieu Donné Mwerecande
zelebréiert. De Chouer huet, ënnert der Direktioun vum Guy Losch, an op der
Uergel begleet vum Fernand Aust, d'Eucharistie mat Lidder verschéinert.
Zum Schluss vun der Mass huet den Här Ronckar, als Vertrieder vum
Piusverband, der Mme Rose Kollwelter fir hier 40 Joer Aktivitéit am
Veräin eng Goldmedail mat Palmetten iwwerreecht. Ons Vizepresidentin
Angèle Goergen huet dunn, wéi et bei ons Traditioun ass, der Mme Kollwelter e
passenden Cadeau iwwerreecht.