175 Anniversaire an Cäciliendag beim Weimeschkiercher Kierchegesang

Den 25ten November 2018 huet d‘Chorale zu Éieren vun der helleger Cäcilia an als Ofschloss vun hirem 175ten Anniversaire, eng feierlech Mass fir déi liewend a Verstuerwen Memberen vum Kierchegesang gesongen. D'Mass gouf vum Här Dechen Albert Backes zelebréiert. De Chouer huet ënnert der Direktioun vum Guy Losch, an op der Uergel begleet vum Fernand Aust, d'Eucharistie mat Lidder verschéinert. Zum Schluss vun der Mass huet den Här Ronckar, als Vertrieder vum Piusverband, den Damen Angèle Goergen, Marie-Jeanne Lamesch an Finny Sinner fir hier 40 Joer Aktivitéit am Veräin eng Goldmedail mat Palmetten iwwerreecht.

Onsen Éierepresident Erny Pletschette krutt fir seng 50 Joer Aktivitéit am Veräin eng Gëlle Plaquette iwwerreecht


Uschléissend sinn d'Feierlechkeeten mat engem Banquet am Restaurant "Delicious" zu Sandweiler weider gaangen. Héi kruten e puer weider Sängerinnen a Sänger, fir hiren onermiddlechen Asaz am Veräin, vum President Guy Losch Merci gesot an e praktesche Cadeau iwwerreecht. D’Madamen Goergen, Lamesch a Sinner kruten fir hier 40 järeg Aktivitéit eng gëllen Auer iwwerreecht.