De Weimeschkiercher Gesang feiert Cäciliendag

De Festdag zu Éieren vun der helleger Cäcilia huet mat enger feierlecher Mass
fir déi liewend a verstuerwen Memberen vum Kirchegesang ugefaang.D’Mass
gouf vum Här Dechen Albert Backes zelebréiert. De Chouer huet ënnert der Direktioun
vum Henri Bissen,an op der Uergel begleet vum Fernand Aust,d’Eucharistie mat
Lidder verschéinert. Zum Schluss vun der Mass huet den Här Dechen, dem Organist
Fernand Aust, d'Goldmedail vum Piusverband fir 5o Joer Aktivitéit iwwerreecht.
Uschléissend sinn d’Feierlechkeeten mat engem Banquet am Restaurant „Firwat Net“
um Cents weider gang. Hei kruten,den Organist,Fernand Aust an e puer weider
méritéiert Sängerinnen a Sänger, fir hiren onermiddlechen Asaatz am Veräin vum
Präsident Guy Losch Merci gesot an e praktesche Cadeau iwwerreecht.