Weimerschkiercher Kierchegesang féiert Cäciliendag

Den 22 November huet de Weimeschkiercher Kierchegesang d'Fest vun der Helleger Cäcilia geféiert. Dëse Festdag huet mat enger feierlecher Mass fir déi liewend a verstuerwe Membere vum Veräin ugefaang. D'Mass gouf vum Dechen Albert Backes zelebréiert. De Chouer huet ënnert der Direktioun vum Herr Henri Bissen, an op der Uergel begleet vum Fernand Aust, d'Eucharistie mat hire stëmmege Lidder verschéinert.

Zum Schluss vun der helleger Mass huet den Dechen Albert Backes der Madame Marguerite Schmit d‘Goldmedail fir 30 Joer aktiv Sängerin an dem Här Emile Lamesch fir 40 Joer aktive Sänger d’Goldmedail mat Palmetten vum Piusverband iwwerreecht..

Uschléissend goufen d'Feierlechkeete mat engem Festbanquet am Restaurant "Weidendall" zu Koplescht weider. No engem gudde Menu kruten de fréieren Dirigent Aloyse Colombo an den haitegen Dirigent Henry Bissen, den Organist Fernand Aust an Ersatzorganist Romain Goergen, e praktesche Cadeau als Merci fir hiren onermiddlechen Asaz am Veräin iwwerreecht.