13 mol 90 Joer am SERVIOR Grand-Duc Jean zu Diddeleng

Am Kader vun der alljärlecher 90-Joer-Feier am SERVIOR Grand-Duc Jean zu Diddeleng si kierzlech 11 Dammen an 2 Hären, also 13 Bewunner fir hir 90 Joer geéiert ginn. Des Feier ass musikalesch mam Piano duerch den Här Schmidt ënnermoolt gewiescht an d'Amicale "Gölle Joren" huet den Dammen e flotte Foulard an den Hären eng schéi Auer als Kaddo iwwerreecht. Alleguer sinn si 1932 gebuer a wunnen zesummen an hirem Doheem fir eeler Leit, wou si - getrei dem Motto vu SERVIOR - Den Alter liewen - Happy Birthday, alles Guddes an eng weiderhi gutt Gesondheet !


(Op der Foto: setzend, vun lenks no riets: Här Giovagnoli, Madamm Harpes-Fabry, Madamm Pauly-Hammes, Madamm Tenkes-Stendebach, Madamm Reinhard-Gauthier, Madamm Fernandes de Passos, Här Bausch, Madamm Picco-Picco, Mme Meysembourg

iewescht Reih: Här Ambrosini (Chargé de direction), Madamm Weber Clees, Madamm Müller-Melchior, Madamm Grevig-Stieff - encadréiert vu Memberen vun der Amicale)