100. Gebuertsdag fir d'Madamm Elise Leider-Schroeder

Am SERVIOR-Haus "Sanatorium" zu Veinen gouf de 4. Oktober eng Gebuertsdagsfeier am klenge Krees organiséiert, fir der Madamm Elise Leider-Schroeder hiren 100. Gebuertsdag ze feieren.


D'Madamm Leider-Schroeder ass de 4. Oktober 1921 zu Konstem gebuer a war dat eelst Kand vu 5 Geschwëster. 1951 ass Si mam Joseph Leider bestuet ginn an d'Koppel krut 2 Kanner, déi a ganz enkem Kontakt zu hirer Mamm stinn. Op hier 4 Enkelkanner a 4 Urenkel ass Si och ganz besonnesch stolz.


Wéinst hirer doucer Perséinlechkeet ass d'Madamm Leider-Schroeder allsäits beléift a fir eng Ronn Bingo ass Si ëmmer ze begeeschteren.


Bei engem Gliesche Cremant huet d'Chargée de Direction vum Haus, d'Katja Steffen der Jubilarin en Tableau als Kaddo iwwerreecht.


Och de Veiner Buergermeeschter Claude Tonino an d'Familljeministesch Corinne Cahen waren an de "Sanatorium" komm fir dem Gebuertsdagskand ze gratuléieren.


Alles Guddes, Madamm Leider!