32. Männerkräizwee zu Diddeleng

Wéi all Joër ass op Virowend vu Pällemsonndeg dese Kräizwee vu Butschebuerg op de Gehaansbierg erop gangen. Des Initiative as viru Joren vu Männer vun Diddeleng an Beetebuerg enner dem Impuls vum fréiere Paschtouer Robert Sibenaler ergraff gin. Um 17 Auer war Beichtgeleënheet an der Kapell zu Butschbuerg, nodeems de Pällem geseent gin ass se mir lanscht d'Statioune vum Kräizwee an d'Kapell vum Gehaansbierg gepilgert. Do huet den KMA-Aumônier Fernand Huberty eng Mass gehal. Als Ofschloss ass am Veräinshaus zu Diddeleng eng Agape zervéiert gin.

W.F.